Fuesend vun den Déieren (Création)

lundi, 4 mai 2009, 2 séances 8h45 et 10h30

E Multimedia-Erzieltheaterstéck mat Live-Musek fir Kanner vun 5 bis 9 Joër

Orchestre Philharmonique du Luxembourg
Daniel Tanson conception
Ela Baumann mise en scène
Mario Melo Costa vidéo
Theisen & Giesler scénographie
Milla Trausch interprétation
Dan Tanson interprétation

Une coproduction Philharmonie Luxembourg et Traffik Theater

E grousse Koup Spillsaachen. All Zorten: grousser, klenger, aus Pelz an aus Plastik, Holz a Stoff. Matzen am Koup stiechen d'Mila an den Dan. Si spille si wären am Dschungel… de Léiw, de Kinnik vun den Déieren invitéiert d'Hénger, Päerd an Zebraen, den Elefant an d'Känguruhen, d'Schildkröten, d'Fësch a nach vill aner Déieren op e grouss d'Fest.

Nieft hinne sëtzen d'Museker vum OPL a feiere matt. Si spillen d'Musek vum Camille Saint-Saëns. Dëst as e berühmte franséische Komponist. Hien huet Musek fir d'Kanner vu senge Frënn geschriwwen. Déi wor esou schéin dass dës Musek haut nach ëmmer vum OPL gespillt gëtt. An d'Kanner si nach ëmmer begeeschtert.

Den TRAFFIK THEATER presentéiert hei dem Camille Saint-Saëns seng ‘Fuesent vun den Déieren' mat Objeten, Petzien an aner Spillsaachen. Dat ganzt gëtt filmesch verschafft a mat ville Live-Kamerabiller ugeräichert. Duerch d'Verbindung vu Bild an der Musek kënnen d'Kanner d'Meeschterwierk aus dem Joer 1886 op eng verspillten Art a Weis erliewen.

 

Sprache: Luxemburgisch

Anzahl: 150 Schüler

Dauer: 45'

Alter: 5 bis 9 Jahre

Ort: Philharmonie – Espace découverte